googlec7f9435b39001e33.html News | AMEL
top of page

Neiegkeeten

Mir si fir e staarkt Handwierk

Dofir d'Opwäertung vun den Diplomer aus dem Handwierk

Ëmmer um Lafende bléiwen

Mir haten den 26.01.2024 eng Entrevue mam Ministère de l'éducation

AMELUX-MEN.JPG
MEN-AMELUX.png
Bild-20240122-170612-6d86c866716509f0d74e61e7e2b3a4b347e36ad1ab858b5ec12e838d98a78f7550bc9

Den 22.01.2024 haten den OGBL an AMELUX eng Entrevue mam Minister vun der Fonction publique Serge Wilmes. Zesummen si mer op de Koalitiounsaccord agaangen a konnten eng konstruktiv an angeneem Entrevue zu dësem Sujet féieren. Mir hunn de Minister awer och op déi 15 Punkten ugeschwat wou hien eis follgend erkläert huet: D’Fonction publique (de Minister) géif esou séier wéi hien d’ Demanden fir déi 15 Punkten kritt se och ënnerschreiwen an da ginn se ausbezuelt. Et kann also duerch aus sinn dat Kolleegen se éischter hu well déi Demande dann éischter vun der Educatioun weider geschéckt ginn ass. Maacht iech keng Suergen dir kritt déi réckwierkend ausbezuelt. Eng weider Entrevue ass vun eiser Säit geplangt wou mer zesummen op verschidden detailléiert Sujete wäerten agoe wei beispillsweis de Meeschter, geleeschten Iwwerstonnen oder ebe Carrière ouverte. 

IMG_3368 1.JPG

 AMELUX wënscht all senge Membere matt hirer Famill schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch

flagge-schweiz-5958421_pix.jpg

Bringt politischer Wechsel Aufwind in die Segel der Ausbildung?

Screenshot_2.png

28.11.2023

De Meeschter beim Staat an der Carrière B1

D’Meeschteren an d’Leit mat BTS hunn eng Primm vu 15 Punkten zougesprach kritt. All déi Leit sinn informéiert ginn dat se eng Kopie vun hirem Diplome an der Direktioun vun der jeeweileger Schoul sollen ofginn. AMELUX/OGBL huet mam OGBL zesummen e Fuerderungskatalog erstallt an den un de Formateur Luc Frieden geschéckt (wärend der Regierungsbildung). Eng vun de Fuerderunge war: prévoir que la nouvelle prime de 10 respectivement 15 points est automatiquement versé aux détenteurs d’un BTS ou d’un brevet de maîtrise de la carrière B1 qui sont en droit de la recevoir, sans prévoir des démarches administratives supplémentaires.

Dozou sti mir als AMELUX/OGBL an den OGBL

03.10.2023
Mir ware beim Eldoradio op der Antenne

Reaktioun vun Amelux op Eldo-Interview vu Spëtzekandidaten

Table ronde
OGBL
13.09.2023

Op der Table ronde vum OGBL waren d'Parteien DP, Déi Lenk, LSAP, KPL, Déi Gréng, Fokus, Piraten an CSV present fir iwwer verschidden Themen hier Positioun ze erklären, ënnert anerem och iwwert d'Aarbeschtszäit. No der Table ronde hu mir nach mat deenen verschidden Politiker geschwat. Mam Marc Spautz hu mir iwwert d'Handwierk an de Meeschter geschwat, hien ass fir eng Opwäertung vum Handwierk a vum Meeschter

2023_09_15 09_56 Office Lens (2).jpg
2023_09_15 10_10 Office Lens_edited.jpg
ogbl.png

Zesumme STAARK

2023

AMELUX huet sech no laangem zesumme schaffe mam OGBL decidéiert dëser grousser Gewerkschaft béi zertrieden als Ënnergewerkschaft. Doduerch si mir zesumme mam OGBL méi staark, mir kënnen de Membere méi Servicer an Virdeeler ubidden. Also wann dir iech op Amelux/OGBL umellt gitt dir op d’Säit vum OGBL weidergeleet an kënnt iech do umellen.

Dëss Virdeeler sinn:

Der OGBL bietet seinen Mitgliedern Schutz und besondere Leistungen durch:

  1. den kostenlosen Rechtsbeistand in sozialrechtlichen Angelegenheiten

  2. den kostenlosen Rechtsschutz in arbeitsrechtlichen Angelegenheiten nach einer Mitgliedschaft von 12 Monaten

  3. die Unterstützung bei Streik und Aussperrung

  4. die kostenlose Beratung zum Erstellen der Steuererklärung

  5. die Mitgliedschaft in der OGBL-Sterbekasse (Sterbegeld-Antragsformular in PDF-Format)

  6. die Gewährung einer Hinterbliebenenunterstützung, Max 620 €

  7. die Möglichkeit der Mitgliedschaft bei der CMCM

  8. Vorzugsbedingungen für die Mitgliedschaft in der Luxembourg Air Rescue (L) (Mitgliedsantrag) und dem Centre Médical Héliporté-CMH (B) (mehr)

  9. die Gewährung eines Stipendiums an Eltern deren Kinder studieren (Antragsformular 2022-2023 in PDF-Format) >> English form is available here (pdf)

  10. die kostenlose Freizeitunfallversicherung und günstigere Versicherungsmöglichkeiten bei der Versicherungsgruppe Bâloise Assurances

  11. Vorzugsbedingungen für Ihren «Wüstenrot»-Bausparvertrag

  12. die Möglichkeit zum bevorzugten Abschluss der Krankenversicherungen bei der DKV Luxembourg geschaffen (mehr)

  13. die kostenlose Mitgliedschaft bei der “Patientevertriedung” (Organisation zur Verteidigung von Patienteninteressen) (mehr)

  14. die gratis Zustellung der Monatszeitschrift OGBL-Aktuell

  15. sowie anderer Publikationen

  16. gratis Weiterbildungsangebote (Arbeits- und Sozialrecht sowie Gewerkschaftsangelegenheiten)


 Falls dir Froen huet mellt iech einfach bei eis.

Carrière ouverte

20230425_142233026_iOS.png

One Planet Luxembourg

24.04.2023

AMELUX huet de 24.04.2023 un enger Reunioun vun ONE PLANET deel geholl. Et war e ganz interessanten Austausch iwwer vill Sujeten aus eiser Gesellschaft déi endlech behandelt musse ginn. AMELUX mécht bei ONE PLANET och mat zesummen ass e méi staark!

chamber-of-commerce-luxembourg-logo.png

Chambre de Commerce

24.04.2023

AMELUX hat den 24.04.2023 eng Entrevue mat der Chambre de Commerce, Sujeten déi beschwat gi si waren:
- Beruffsausbildung
- Valorisatioun vun den Diplomer
- Formation adulte
- Wéi kréie mer d’Beruffsausbildung méi attraktiv
Et war eng ganz agreabel an interessant Reunioun, mir soen der Chambre de Commerce villmools Merci

IMG_1100.JPG

Centre de Compétences Génie Technique du Bâtiment

22.03.2023

Amelux huet de Centre de Compétences um Krakelshaff besicht fir sech e Bild vun der Weiderbildung am Handwierk ze maachen. Et war ganz intressant mam Marc Ant iwwert d'Handwierk an d'Weiderbildung ze diskutéieren. Mir soen dem Marc Ant Merci fir déi flott Visitt.

Technikschoul.jpg

Technikschoul Déifferdeng

20.03.2023

Amelux hat d'Geleeënheet d'Technikschoul vun Déifferdeng kënnen ze besichen. D'Technikschoul bréngt de Kanner aus der Grondschoul d'Handwierk méi no, wou se iwwert handwierklech Tätegkeeten an Experimenter Mathé, Zuelen, Formen a logescht Denke méi schnell verënnerleche kennen. Mir ware wierklech impressionéiert an dëse Wee misst eigentlech all Gemeng mat der Ënnerstëtzung vum Educatiounsministère goen!

Communique.jpg

Avis

02.03.2023

Bezüglech der noutwendeger Opwäertung am Handwierk hunn d'AMELUX zesumme mam SEW/OGBL, sou wéi och den OGBL den 02.03.2023 zesummen hier Stellung bezunn

csl.png

Entrevue Chambre des Salariés

11.01.2023

Den 11.01.2023 haten d'Amelux eng Entrevue mat der CSL fir sech iwwer d'Eckpunkte vun enger Valorisatioun am Handwierk ze ennerhaalen. Et war eng ganz positiv Entrevue

men2.png

Entrevue mam Ministère de l'éducation nationale de l'Enfance et de la Jeunesse

14.12.2022

Den 14.12.2022 hate mer eng Entrevue mat de Vertrieder vum Ministère an hunn iwwer Valorisatioun vum Handwierk a vum Meeschter geschwat. Äntwert vum Ministère war datt dozou nach keng politesch Decisioun gefall wier. En weidert Treffen an am Februar geplangt

RTL Redaktioun.png

Invité vun der Redaktioun

14.12.022

De 14.12.2022 war eise Präsident um RTL als Invité vun der Redaktioun. Hei ass drop a gaange wou Problemer an der Beruffsausbildung léien an och wat genau misst gemaach gi fir d’Handwierk op ze wäerten. Nëmmen esou kann een erreeche fir dem Manktem am Handwierk entgéint ze wierken.

Communique.jpg

Communiqué de presse

12.12.2022

Et ass schéin ze gesinn datt der Regierung offält datt d'Handwierk muss valoriséiert ginn, mee  dëst ass de falsche Wee fir eng Valeur an d'Handwierk ze bréngen! Just datt en Deel vun der d'Fonction publique 15 Punkte bäi kritt, bréngt keng weider Léit an d'Handwierk!

gkonline_v12.png

Communiqué de presse Guy Kayser

05.12.2022

De Guy Kayser trëfft mat sengem Artikel den Nol op de Kapp

Zeitung vum Lëtzbuerger Vollek.png

Artikel Zeitung vum Lëtzbuerger Vollek

26.11.2022

De 26.11.2022 ass en Artikel eraus komm vum SEW an AMELUX iwwert de Stellewäert vum Handwierk an der Beruffsausbildung.

100,7.png

Interview Radio 100,7

25.11.2022

De 25.11.2022 war de Christian Turk um Radio 100,7 an ass do vum Maurice Molitor iwwert eis Iddien a Vue vun der Beruffsausbildung interviewt ginn

Déi gréng.png

Entrevue déi Gréng

23.11.2022

Mir haten den 23.11.2022 eng Entrevue mat der Partei déi gréng. D'Parteipresidentin Djuna Bernard, Parteipresident Meris Sehovic an de Ben Zenner hunn mat eis iwwer d'Beruffsausbildung an d'Handwierk geschwat. Et ass kloer datt Energietransitioun net ouni gutt Handwierker geet. An déi kritt een nëmme wann d'Diplomer opgewäert ginn. Mir hunn hinnen eis Vue vun der Opwäertung an eise Programm virgestallt. Och wäerte mir ons nach eemol gesinn zu dem wichtegen Thema. Den Austausch war ganz agreabel, mir soen hinnen e grousse Merci.

Ministere de l'Energie.png

Entrevue Ministère de l'Energie et de l'Aménagement du territoire

16.11.2022

Mir haten den 16.11.2022 eng Entrevue mam Minister Claude Turmes a senge Beamte mam Thema Handwierk. De Minister gesäit et genau ewéi mir, datt et wichteg ass dat Diplomer am Handwierk valoriséiert solle ginn, well mer soss keng Léit fräiwëlleg an d’Handwierk kréie fir all déi néi Technologien am Handwierk em ze setzen. Et muss zu engem Ëmdenke bei der Regierung a Bevëlkerung kommen. D’Handwierk soll net de leschte Wee sinn! Mir hunn dëst Gespréich appreciéiert a soen dem Här Minister a senge Beamten e grousse Merci!

Communique.jpg

Communiqué de presse

14.11.2022

Gemeinsamen Communiqué de presse vum SEW/OGBL an AMELUX fir d'Beruffsausbildung ze reforméieren an ze revaloriséieren

Logo LSAP.png

Entrevue Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei (LSAP)

07.11.2022

Mir haten de 07.11.2022 eng Entrevue mat Vertrieder vun der LSAP. Dobäi waren Francine Closener, Tess Burton a Michaela Morrisova. Mir hunn eis iwwert d'Beruffsausbildung ausgetosch an hinnen eis Virstellunge vun enger reforméierter Beruffsausbildung virgedroen. Dës Reform gouf positiv opgeholl fir engem Manktem am Handwierk entgéint ze wierken. Mir hunn hinnen eisen Dossier, den an Zesummenaarbecht mam OGBL a SEW ausgeschafft ginn ass, zou geschéckt. Et ass eng weider Entrevue geplangt.

Logo Tageblatt.png

En Artikel iwwert d'Reform vun der Beruffsausbildung

01.11.2022

En Artikel vun der Pressekonferenz vum OGBL, dem SEW an eis der AMELUX iwwert d'Opwäertung vun der Meeschterprüfung bis hin zu enger néier Beruffsausbildung, déi de jonke besser encadréiert a sengem Parcours.

Le Quotidien.png

En Artikel iwwert d'Presskonferenz vum OGBL, SEW an AMELUX

01.11.2022

En Artikel vun der Pressekonferenz vum OGBL, dem SEW an eis der AMELUX iwwert d'Opwäertung vun der Meeschterprüfung bis hin zu enger néier Beruffsausbildung, déi de jonke besser encadréiert a sengem Parcours.

20221027_112933.jpg

Video vun der Pressekonferenz

27.10.20229

Am folgende Link kënnt der déi komplett Pressekonferenz vun haut dem 27.10.2022 nach eemol a rou nokucken

Luxemburger Wort.png

Artikel zu der Pressekonferenz

27.10.2022

Den 27.10.2022 haten d'Amelux, den OGBL an den SEW eng Pressekonferenz fir hier Haaptlinnen iwwert déi néi Beruffsausbildung ze präsentéieren. Hei ass op Wichtegkeet vum Handwierk an Beruffsausbildung an der Gesellschaft agaangen ginn.

Ministere de l'Environnement.png

Entrevue Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable

11.10.2022

Den 11 Oktober 2022 hat AMELUX eng Entrevue mat der Madamm Minister Joëlle Welfring an de Beamten vum Ministère de l’Environnement. Mir hunn ons iwwer d’Beruffsausbildung, d’Handwierk am Zesummenhang mat den erneierbaren Energien an d’Elektromobilitéit ënnerhalen. Mir hunn drop higewisen, datt mir staark a gutt Leit am Handwierk brauchen. Déi kritt en awer nëmmen dozou beweegt de Wee vum Handwierk anzeschloen wann d’Diplomer och déi richteg Valeur hunn.  Ugefaange mam Meeschterbréif, den an de Niveau 6 agestuuft soll ginn. D’Madamm Minister huet groussen Interessi gewisen um Dossier Valorisatioun vum Handwierk, Si ass och drun interesséiert, datt e staark Handwierk all déi nei technologesch Defien ëmsetzen kann. Mir kënnen nëmmen soen, datt  d’Madamm Minister an d’Beamten vum Ëmweltministère positiv géigeniwwer onse Proposen stoungen. Och hu mir festgehalen, dem Ministère en Dossier zoukommen ze loossen iwwert d’Beruffsausbildung. Mir soen der Madamm Ëmweltminister nach emol e groussen Merci.

Communique.jpg

Communiqué de presse

19.09.2022

Mir hunn e Communiqué erausbruecht, wou mer op de Klima-Biergerrot reagéiert hunn a Propose gemaach wat muss geschéie fir déi sëlleg Iddien dovunner emzesetzen.

Klimabiergerot.png

Presentatioun Klima-Biergerrot

15.09.2022

De 15.09.2022 si Propose vum Klima-Biergerrot fir gestallt gi, ënner anerem an der Presence vum Här Staatsminister Xavier Bettel an der Ëmweltministesch Joëlle Welfring. Dësen huet fest gehalen dat et onerlässeg ass fir an direkter Zukunft d'Handwierk an de Meeschter ze valoriséieren, wat eise Proposen an der vergaangene Wochen zeréck spigelt. Dëst kann een an de Propose 45 a 46 am folgenden Dokument erëm fannen.

LogoSEW.jpg

Entrevue Syndikat fir Erzéiung an Wëssenschaft am OGBL (SEW)

14.09.2022

Mir haten de 14.09.2022 eng Entrevue mat enger Delegatioun vum SEW. De Sujet war d'Beruffsausbildung an d'Valorisatioun vun den Diplomer. Mir hunn eis Iddien an Interessien ausgetosch a wäerten eis Zäitno nach eemol gesi fir eis Zesummenaarbecht ze plangen.

DP.png

Entrevue Demokratesch Partei

02.08.2022

Mir haten den 02.08.2022 eng Entrevue mat der Delegatioun vun der DP an hunn eis Iddi’en fir d’Valorisatioun vum Meeschter an och d'Neiopstellung vun der Beruffsausbildung fir geluecht. Dëst gouf ganz positiv opgeholl an hunn en néien Datum am Hierscht fir eng Entrevue vir gesinn.

Opgepasst.png

Bréiw un den Ministère de l'éducation nationale

21.06.2022

Den 19.04.2022 haten mir eng Entrevue mam Ministère de l'éducation, ënner anerem mam Alex Folscheid, Véronique Schaber, Tom Muller an Romain Nehs. Leider war den Minister Claude Meisch net perséinlech an dëser Entrevue present an sou gouf fest gehalen datt mer an Punkto Valorisatioun vun der Meeschterprüfung géifen "en courant" gehalen gi. Den 21.06.2022 hunn mir en weideren Bréif un den Ministère de l'éducation nationale geschéckt an nogefrot wou dësen extrem wichtegen Dossier am Moment drun ass. Mir sinn gudder Gedanken datt mir do schnellst méiglech eng konstruktiv Äntwert säitens dem Ministère kréien.

merci.png

En groussen MERCI

01.07.2022

Mir als AMELUX soe jidderengem e grousse Merci fir d’ Ënnerstëtzung zu der Petitioun 2300. Leider hu mir de Score vu 4500 Ënnerschrëften net zesumme kritt. Et muss en awer soen et sinn awer 3000 Stëmmen an dat ass net näischt! Mir si voll motivéiert fir de Stellewäert vun den Diplomer am Handwierk opzewäerten, a maachen natierlech weider. Mir sinn natierlech frou fir all Ënnerstëtzung egal a wéineger Form. Op eisem Internetsite www.amelux.lu fannt dir och eis News an all eis Aktiounen. Wann dir Froen, Iddien, Propositiounen huet, dann zeckt net a kommt op eis zou. Nëmmen zesummen ass ee staark!

Minister du Travail.png

Entrevue Ministère du Travail

30.06.2022

Mir haten den 30.06.2022 eng Entrevue mam Aarbechtsministère. Mir hunn iwwer d'Opwäertung vum Handwierk diskutéiert. Och hunn mir eis Iddien zu der Opwäertung vum Handwierk virgedroen.

Communique.jpg

Communiqué de presse AMELUX

24.06.2022

Fir laangfristeg Ännerungen am Handwierk ze erreeche bréngt et näischt, wéi vun de verschidden Organer, fir ëmmer just Campagnen ze starten, mee et muss sech grondleeënd eppes un der Struktur änneren, datt et nees Freed mécht en Handwierk ze léieren.

Entrevue OGBL

Entrevue OGBL

14.06.2022

De 14.06.2022 hate mer eng Entrevue mam OGBL, de souwuel op Aenhéicht stattfonnt huet souwéi och inhaltlech no beienee war. Den OGBL huet grousse Versteesdemech fir eis Fuerderungen. Mir freeën eis op weider Schrëtt zesummen. Zesummen ass e staark!!!

IMG_0394.JPG

Entrevue matt Déi Lénk

01.06.2022

Mir haten den 01.06.2022 eng Entrevue mat Déi Lénk an haten en intressanten a ganz konstruktiven Austausch iwwert de Stellewäert vum Handwierk an der Gesellschaft, wéi och Kompetenze vum Meeschter

CSV-AMELUX.JPG

Entrevue matt der CSV

30.05.2022

Mir haten den 30.05.2022 en ganz agreabelt Gespréich mat der CSV-Partei an si fannen eis Iddien an eise Wee gutt. Et war en ganzt konstruktiivt Gespréich

Féderation des Artisans-AMELUX

Entrevue matt der Fédération des Artisans an Jonk Handwierk

25.05.2022

Mir haten eng Entrevue mat der Fédération des Artisans a Jonk Handwierk an si gesinn dat genau esou wéi mir datt lo muss eng Ännerung fir Handwierk kommen, éier et ze spéit ass

RTL Logo.png

Reportage RTL Magazin

18.05.2022

Den 18.05.2022 war en intressante Reportage iwwert en jonken Här ze gesinn, wéi dësen an de Beruff komm ass, zousätzlech gesäit ee wéi AMELUX dozou äussert.

Logo Piratenpartei.png

Entrevue Piratenpartei Lëtzebuerg

16.05.2022

Mir haten eng Entrevue mat der Piratepartei an hunn hinnen eis Doleancen a Punkto Devalorisatioun vum Meeschter an Handwierk erkläert. Si waren der selwechter Meenung datt Handwierk net de Stellewäert an der Gesellschaft huet wéi et soll

AMELUX-Fonction publique

Entrevue Ministère de la Fonction publique

12.05.2022

Mir haten eng Entrevue mam Minister Hansen a Punkto Valorisatioun vum Meeschter an Incohérence beim Rekrutement. De Minister huet betount datt hie bis Enn 2022 en Accord mat der CGFP huet an sech duerno Gedanken iwwer eng Valorisatioun géif maachen. An der Saach Incohérence beim Rekrutement via «Gov-Jobs», sot de Minister datt hie kenn Iwwerbléck iwwer d’ Ausschreiwungen hätt an och keng eng Responsabilitéit hätt, well de Ministère vun der Fonction publique géif déi Posten net ausschreiwen, mee déi verschidde Ministèrë selwer. De Minister wollt natierlech och keng Ausso maachen zu de falsche Rekrutementer

AMELUX- Ministere des Classes moyenne et du Tourisme.jpg

Entrevue Ministère des Classes moyennes an Ministère du Tourisme

05.05.2022

Mir haten eng Entrevue mam Minister Delles wou mir him eise point de vue erläutert hunn, datt den eenzege Wee fir d'Handwierk nees attraktiv ze gestalten ass, de Meeschter an den Niveau 6 ze hiewen. Desweideren hunn mer dem Här Minister eis Iddi presentéiert fir dem publique d'Handwierk ze visualiséieren, dat hie ganz positiv gesinn huet.

Poklitesch an Sozial.png

Politesch a sozial Virgoensweis

27.04.2022

Mir wëllen iech iwwer eis Virgoensweis mat de politeschen, sou wei och soziale Parteien Informéieren, esou dat kee Mëssverständnes vir kënnt. Folgendes mir wäerten all Partei  de Sujet erklären an och hier Astellung dozou froen! Firwat maache mer dat, ma da kann duerno kee soen en hätt et net gewosst.

Read More
Radio_100,7.png

Interview Radio 100,7

23.04.2022

Den 23.04.2022 hat eise Vize-President en Interview am Radio 100,7. Den Interview kenn der Iech ulauschteren iwwert de Link

AMELUX-Ministère de l'éducation

Entrevue Ministère de l'éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

19.04.2022

De Resumé kenn Dir an eisem Communiqué noliesen

Luxemburger Wort.jpg

Artikel Luxemburger Wort

14.04.2022

Am Artikel kann een noliese wéi mir mir Situatioun vum Handwierk a Meeschter gesinn

ADR-AMELUX

Entrevue mam Alternativ Demokratesch Reformpartei (ADR)

11.04.2022

Mir haten den 11.04.2022 en interessanten Austausch iwwer eis Ideen dir d'Handwierk an de Meeschter ze valoriséieren. Och ass d'Idee den héchsten Diplome aus dem Handwierk op den Niveau 6 ze setze fir gutt gehale gi

Chambre des Métiers.png

Entrevue matt der Chambre des Métiers

22.03.2022

Mir haten den 22.3.2022 en konstruktiven Austausch mat der Chambre des Métiers a Punkto Brevet de Maîtrise a wäerten zesummen d'Handwierk an de Brevet de Maîtrise valoriséieren

AAT-AMELUX

Entrevue zweschen der AMELUX an der AAT

24.02.2022

Mir haten den 24.2.2022 d’Association des Agents Technique de l’Etat op Besuch.
Et war en Austausch, iwwer de Meeschterbréif an d’Handwierk, dee ganz konstruktiv war.
Mir hunn déi verschidde Problematiken diskutéiert.
Et ass nach eng weider Entrevue virgesinn.

RTL.jpg

Communiqué de presse RTL

20.02.2022

RTL

radio_immo_passage_vincent_intropic.jpg

Background am Gespréich mam Minister Marc Hansen

19.02.2022

Den Minister Hansen war um RTL am Background am Gespréich an ass do op d’AMELUX ugeschwat gi. Ab der Minutt 44:40 geet et mat der Fonction publique lass.

Website.jpg

Communiqué de presse Eldoradio

18.02.2022

Eldo Radio

Müll sammeln

Mir si fir e staarkt Handwierk
Dofir d'Opwäertung vun den Diplomer aus dem Handwierk: Engagement und Service mit nachweislicher Wirkung

9. August 2025

Dies ist dein Nachrichtenartikel. Es ist ein toller Ort, um die neueste Berichterstattung über dein Unternehmen hervorzuheben. Ergänze den Artikel um eine kurze Zusammenfassung, füge Links hinzu und verwende ein tolles Foto oder Video, um den Beitrag interessanter zu machen!

Mehr erfahren
Neiegkeeten: News

Überschrift 1

Neiegkeeten: Text
bottom of page